Logo

Mérite Jeunesse

De Mérite Jeunesse : ee Programm fir all Jonken zu Lëtzebuerg

Beim Mérite Jeunesse ka jidderee matmaachen deen tëschent 14-24 Joer al ass a Loscht huet sech innerhalb vun engem flexibele Programm seng perséinlech Ziler ze setzen an déi a sengem eegene Rhythmus ze erreechen.

D’Fondatioun Mérite Jeunesse Lëtzebuerg gehéiert zur weltwäit unerkannten Organisatioun The Duke of Edinburgh’s International Award déi an iwwer 130 Länner aktiv ass.

Wat muss du maachen ?

Engagéier dech a 4 verschiddene Beräicher (Talent, Sport, Benevolat an Adventure). Entdeck wat an dir stécht andeems de souwuel deng Fäegkeeten verbessers, Neies ausprobéiers an dech och fir däi soziaalt Ëmfeld engagéiers.

Entscheet du selwer wéi däi Programm soll ausgesinn. Du hues op dengem Parcours een Tuteur, deen ëmmer fir dech do ass an deen dech begleet.

Et geet drëm an alle 4 Beräicher weiderzekommen an dat Schrëtt fir Schrëtt. Du brauchs net alles gläichzäiteg ze maachen. Et ass Ausdauer gefrot an du selwer décidéiers iwwert deng Aktivitéiten a wéi deng Zieler ausgesinn.

Et lount sech beim Mérite aktiv ze ginn. Engagéier dech a maach eppes fir deng Zukunft :

  • du erliefs vill flott Momenter
  • du begéins nei Leit
  • du entdecks nei Aktivitéiten an Talenter déi an dir stiechen
  • du kriss een Zertifikat als Unerkennung wanns du däi Programm ofgeschloss hues
  • du engagéiers dech an enger parascolairer Aktivitéit déi dir an dengem CV a fir d’Liewen eppes bréngt

Wann du dech wëlls umellen, da kontaktéier däin Tuteur vum Mérite Jeunesse um Fieldgen :

  • fir de Lycée : Marie-Paule Quiring (marie-paule.quiring@epf.lu)
  • fir d’Internat : Kätty Kaes (cathy.kaes@epf.lu )

 

Fir d’Elteren …

Net alles, wat een am Liewe brauch, léiert een an der Schoul. Jonker brauchen och Erfarungen ausserhalb vum Klassesall fir responsabel, engagéiert an zefridde Matbierger ze ginn.

Do kann den Award eng wichteg Roll spille fir deene Jonke Méiglechkeeten ze bidden, wichteg Kompetenzen ze léieren, hir Chancen um Aarbechtsmarché ze verbesseren an hir Kreativitéit an Innovatioun ze fërderen.

De Mérite Jeunesse ass Deel vun enger weltwäiter Organisatioun. Dëse weltwäit gläiche Programm ass ee perséinlechen Challenge a kann un den Interessi vun all Jonken ugepasst ginn. Et ass ee Programm, dee komplett fräiwëlleg ass an d’Entwécklung vun de Jonke fuerdert.

All Jugendlechen tëscht 14-25 Joer ka beim Mérite matmaachen, egal wéi ee Geschlecht, kulturellen Hannergrond, reliéis oder politesch Iwwerzeegungen oder physesch Viraussetzungen. Een Award kritt een duerch perséinlech Fortschrëtter, déi ee mécht, wat bedeit, dass et och fir Jonker mat engem Handicap guer kee Problem ass um Programm deelzehuelen.

Wann ee studéiere geet, eng Léier oder een Austausch mécht gesäit et gutt aus, wann ee beim Programm vum Mérite matgemaach huet. Et weist, dass ee sech och a senger Fräizäit engagéiert huet an Aktivitéiten duerchgezunn huet. Et gëtt engem och d’Méiglechkeet iwwert sech an seng Passiounen ausserhalb vun der Schoul ze schwätzen.

De Mérite ass ee Prozess vu perséinlecher a sozialer Entwécklung an d’Aktivitéite vun de verschiddene Voleten hëllefen dëse Prozess ze ënnerstëtzen. Duerch déi nei Erfarungen entdeckt een nei a verstoppten Talenter a Fäegkeeten.

Eis Ambitioun ass, dass all Schüler vum Fieldgen d’Méiglechkeet soll hunn, fir beim Mérite Jeunesse kënnen matzemaachen.

Téléchargement(s)

Galerie photo