Logo

Mérite Jeunesse

E Samschden, den 25. Februar 2023, hunn eis Schüler vum Mérite Jeunesse sech op hier Expeditioun preparéiert. 13 motivéiert Schüler hu matgemaach. Moies stoung 1.-Hëllef, Rucksak paken, Kaart liesen an um Gaskocher kachen um Programm. Am Nomëtten hunn sech dunn déi 3 Ekippen (2x Bronze, 1x Selwer) op de Wee gemaach. Mir freeën eis elo schonns op d'Expeditioun, déi vum 5. bis de 7. Mee stattfënnt.