Den 23.Oktober war déi 5. Editioun vum "Sustainable Entrepreneurial School Day" op där Lëtzebuerger Schoulen ausgezeechent goufe fir hiert Engagement de Schüler géigeniwwer an de Beräicher Orientatioun, ekonomesch Nohaltegkeet, Entreprenariat souwéi finanziellt a wirtschaftlecht Allgemengwëssen.
D’Zil vun enger SES Schoul ass et d’Kreativitéit, d’Eegeninitiativ an d’Verantwortungsgefill vun de Jonken ze stäerken a si beschtméiglechst op d’Liewe virzebereeden.
De Fieldgen ass houfreg den héchste Label, de Label 3, iwwerreecht kritt ze hunn, fir all déi Aktivitéiten déi d’Enseignantë fir an zesumme mat hire Schüler organiséiert hunn.