Seniors for climate
D'Seniors for climate sinn mat hierer Austellung "As time goes by - Luxembourg before climate change" bei eis an der Schoul komm. Ee Grupp vun engagéierte ü-50 Leit déi sech aus Greenpeace Lëtzebuerg wellen zesummegedoen hunn an sech vir eng besser Zukunft asetzen, andeems si een travail de mémoire maachen.
Op hire Fotoen an hirem Film, deen si matbruecht hunn ass ganz kloer ze gesi, wéi vill Schnéi et fréier hei zu Lëtzebuerg gouf a wéi dramatesch sech eist Klima verwandelt huet.
D'Schüler ware ganz intresséiert an erstaunt dass een an den 90 Joren ouni Problem hei zu Lëtzebuerg Laanglaf konnt maachen.
Ee ganz intressanten an emouvanten Austausch deen de Phänomen vum "Shifting Baseline Sydrome" komplett spierbar gemaach huet.