Schüleraustausch 2026
No dräi wonnerbare Wochen zu Winona leschte Summer war et elo um Fieldgen, d'Schülerinnen a Schüler vun der Cotter High School zu Lëtzebuerg ze begréissen.
Si sinn an der Päischtvakanz ukomm an hunn déi éischt Deeg d’Land an d'Emgeigend mat hire jeeweilege Gaaschtfamilljen entdeckt.
Duerno sinn si eng Woch laang zesumme mat eise Schülerinnen a Schüler aus der 2e an d'Klasse gaangen.
Hir Europa Rees hunn si mat engem kuerzen Openthalt zu Paräis an Amsterdam ofgeschloss.