Krakau & Oświęcim 2026
D'lescht Woch ware mir mat 22 Schüler:innen an 3 Professeren zu Krakau an Oświęcim ënnerwee vir eng Visitt am Jiddeschen Ghetto zu Krakau, Auschwitz I an Auschwitz-Birkenau, dem gréissten Vernichtungslager an Europa.
Plazen déi eis weisen, wéi wichteg et ass, d’Vergaangenheet net ze vergiessen, dorauser ze léieren, d’Erënnerung um Liewen halen an alles géint d’Vergiesse maachen – grad an eiser Zäit méi wichteg wéi jee.