Logo

King Tel Mo Rei am Mierscher Kulturhaus

D'5G7 war de Freiden, 27. Januar an d'Mierscher Kulturhaus d'Stéck King Tel Mo Rei vum Roland Meyer kucken :
Den Telmo, 17 Joer, sëtzt am Prisong well hien mat Droge gedealt huet an ee vu senge Clienten ass un enger Iwwerdosis gestuerwen. Schonn als Kand ass hien ëmmer nees negativ opgefall: hien huet d'Appartement vu senger Mamm a Brand gestach, huet Matschüler erpresst an huet säi Kolleeg, de Rafael, ënnert de Bus gestouss, sou datt deen elo geläämt ass. Fir dem Telmo seng Mamm, seng Betreier a fir d'Police stellt sech d'Fro wéi mam Telmo ëmgoen, wéi him hëllefen?
Et gëtt där Jugendlecher ëmmer méi, d'Gewalt hëlt zou, d'Schoulen an d'sozial Servicer sinn iwwerfuerdert, d'Police kann dacks just nach nokucken a leeft hannendrun.
Nom Stéck hunn d'Schüler de Schauspiller, dem Auteur an dem Regisseur kënne Froe stellen iwwert d'Stéck mee och iwwert hir Beruffer an aner Beruffer am Theater.