Logo

Freed fir all Häerz

D’Schüler aus dem Régime Préparatoire hunn sech am Kader vum Projet solidaire „Freed fir all Häerz“ engagéiert an zesumme Sue gesammelt. 

Si hu selwer Hondskichelcher gebak a verkaaft, an och e flotte Café solidaire organiséiert, wou Kuch, Kichelcher a Jus fir de gudden Zweck ugebuede goufen.

Mat vill Motivatioun an Teamgeescht hunn si et fäerdeg bruecht, 250 € zesummenzekréien. Dës Zomm gouf elo un d’Fondation Kriibskrank Kanner gespent.

Galerie photo