Handy

Duerfen dSchüler den Handy an der Klass benotzen ?

Wann d’Schüler an d’Klass kommen, da mussen si hiren Handy an eng Handysgarage raumen. Wann de Proff den Handy fir de Cours asetzt, duerfen si en dann dohinner siche goen.

Wou duerf een den Handy benotzen ?

D’Schüler duerfen den Handy ausserhalb vum Schoulgebai benotzen, dat heescht am Haff, an der Cafeteria an am Picknickssall. Bannen am Gebai, an de Gäng, muss den Handy op lautlos oder op Flugmodus sinn, fir net déi aner ze stéieren. Seng SMSen an de Webuntis duerf ee kucken, par contre ass Fotographéieren a Filmen (och Snapen) verbueden.