Semaine Raoul Follereau – 70 ans d’engagement social
Dëst Joer feiere mir 70 Joer Semaine Raoul Follereau. Zënter 1956 konnten dank dem Engagement vun eise Schüler, eise Professeren an der Ënnerstëtzung vun de Familljen a Frënn vum Fieldgen, 1.269.006 € gesammelt ginn.
Fir déi 70 Joer vu Solidaritéit Revue passéieren ze loossen, hu mer eng Retrospektiv organiséiert. Dir kënnt se vum 9. bis den 13. Mäerz 2026 op der Passerelle S a vum 13. bis de 14. Mäerz am Gank vun der Sportshal entdecken.
Vum 9. bis de 27. Mäerz starte mir och eng Auktioun vun engem Wierk vum Kiyali Samuel Ouattara, engem jonke Kënschtler aus der Côte d’Ivoire. De Samuel gouf an der Maison de l’Enfance zu Bouaké opgeholl – de Projet, dee mir dëst Joer ënnerstëtzen.
Dir kënnt är Offer iwwer dëse Link matdeelen : mise aux enchères
Et sinn och nach Plaze fräi fir "The 90s Show". Eis Schüler a Professeren si fläisseg um Prouwen.
The 90s Show
D'Virstellunge sinn :
- Freides 13. Mäerz 2026 um 19 Auer 30 - d'Dieren ginn um 19 Auer op
- Samschdes 14. Mäerz 2026 um 17 Auer - d'Dieren ginn um 16 Auer 30 op
Dir kënnt är Plazen elo schonns iwwer dëse Formulaire reservéieren: hei klicken
D'Tickete ginn an der Oweskees bezuelt.
Placement libre (d'Sëtzplazen sinn net reservéiert).