Logo

Erasmus+ Gruppemobilitéit

Et gëtt eng nei Aktivitéit um Fieldgen: Erasmus+.

Mir hunn zwee Schüler, déi dëst Joer eng Enzelmobilitéit maachen, mee mir hunn och Gruppenmobilitéiten, déi statt fannen.

 Wéi leeft dat of ?

  1. Wann s du interesséiert bass, mell dech bei der Madamm Hendrickx Winona per Mail (winona.hendrickx@epf.lu) oder iwwer Teams fir deng Kandidatur ze stellen.
  2. Du bass allerspéitstens eemol de Mount disponibel, fir um Projet an der École à la carte matzeschaffen an d’Austauschschüler kennen ze léieren.
  3. Du gees mat engem flotte Grupp vu 5 bis 10 Schüler op en Austausch op verschidde Plazen, wou s du wärend der Zäit vun dengem Austausch an enger Gaaschtfamill wunns. Oppassen: dat heescht awer och, datt s du averstane bass, deng international Frënn hei zu Lëtzebuerg bei dir doheem fir d’Dauer vun hirem Openthalt z’empfänken.
  4. Wärend denger Zäit am Ausland schaffe mir un engem Thema, dat am Viraus preparéiert gëtt, a mir huelen u kulturellen Aktivitéiten deel.
  5. Wann s du zréck zu Lëtzebuerg bass, muss du nach eng Kéier an d’École à la carte kommen, fir e finale Feedback auszefëllen a vun denger flotter Erfarung ze erzielen.
  6. D'Onkäschte vun der Mobilitéit ginn vun Erasmus+, wéi och vun der Gaaschtfamill, gedroen, sou dass dir näischt musst bezuelen fir d'Mobilitéit, mee ebe just wärend dir ären internationalen Austauschschüler empfänkt d'Alldagskäschten wéi z.B. Iessen iwwerhuelt.

Wat bidde mir dëst Joer un ?

  • Eng Gruppenmobilitéit vu 4 Schüler an Däitschland (Meschede) vum 15. bis den 18. Abrëll 2026. Den Austausch geet ëm Kënschtlech Intelligenz (KI). Schüler vun 3e/4e kennen un dësem Projet deelhuelen.
  • Eng Gruppenmobilitéit vu 5-10 Schüler a Frankräich an a Griicheland am Schouljoer 2026–2027, mat Preparatioun schonn am Schouljoer 2025–2026. Den Austausch geet ëm Europa. Schüler vun 3e/4e kennen un dësem Projet deelhuelen.