Erasmus+ : Besuch vun eiser Parnterschoul aus Meschede
Vum 12. bis de 15. Mee 2025 hate mir Besuch am Kader vum Erasmus+ Programm.
Eis Partnerschoul aus Meschede (Däitschland) war mat véier Schülerinnen zu Lëtzebuerg, déi eis Partnerklass representéiert hunn. D’Klass 3GSN huet scho dat ganzt Joer iwwer mat dëser Klass zesumme geschafft – ronderëm d’Thema Demokratie.
An dësem Kader hu mir en interaktivt Rollespill am Europäesche Parlament gemaach, mir haten den Democracity vum ZPB am Haus, an zesumme mat eise Gäscht hu mir un enger Zukunftsvisioun fir Europa am Joer 2050 geschafft.
Villmools Merci un eis Partnerschoul – et waren immens flott a léierräich Deeg!
#BerufskollegMeschede #Erasmus+ #anefore