Aweiung – Bees for Future @ Fieldgen
Den 8. Oktober hu mer eise Projet Bees For Future @ Fieldgen agweit.
Dëse Projet gouf am Kader vu reNature1 vun der Œuvre Grande-Duchesse Charlotte realiséiert : op engem Daach vun eiser Schoul huet ee Schülergrupp fir d’Installatioun an d’Beplanzung vu grousse Blummebacke gesuergt, een anere Grupp huet d’Beiestäck opgeriicht a sech ëm d’Beien an den Hunneg gekëmmert.
Bei enger klenger Presentatioun hunn d’Schüler de Projet virgestallt an eis Gäscht konnten hinne bei der Visite eng ganz Rei Froe stellen. Zum Schluss konnten eis Gäscht nach eisen Hunneg schmaachen.
E grousse Merci geet un d’Œuvre Grande-Duchesse Charlotte a Léieren am Gaart, déi eis bei der Gestaltung vum Projet gehollef hunn.
#oeuvregrandeduchessecharlotte
#léierenamgaart