Am Kader vun enger 3e Optioun gouf un engem Erasmus+ Projet geschafft.
Hei gouf mat der éisträichescher Schoul vu Baden b. Wien ( HLA Baden ) een Austausch gemaach. Ziel war et een oder méi SDGs ze ënnerstëtzen. D'Schüler hunn sech entscheet vir "Keen Honger a keng Aarmut".
Doropshi gouf dunn och dëse Charity Run organiséiert, Mat desem Event goufen insgesamt 2370 Euro gesammelt an un d'Stëmm vun der Strooss gespent.