Logo

Mérite Jeunesse

Léif Schüler a Schülerinnen,

Mat engem neie Schouljoer gëtt et och eng nei Chance, beim Mérite Jeunesse matzemaachen. Vill vun iech maache scho Sport, Musek, Scouten, bitzen, kachen oder nach vill aner Aktivitéiten no der Schoul – a genee dës Efforte wëlle mir mat Iech zesumme wäertschätzen.

Mellt iech beim Mérite Jeunesse un a kritt um Schluss en Diplom fir äert Engagement, deen Iech spéider op der Uni oder an der Aarbechtswelt Virdeeler brénge kann. Zousätzlech ginn et zweemol am Joer flott Expeditioune mat Iwwernuechtungen um Camping.

Wann s du dech ugesprach fills a gäre méi Informatiounen hues oder dech wëlls aschreiwen, mell dech bei deng Mérite Jeunesse-Equipe:

Mme Céline Dechambre, M. Sven Seidental, Mme Winona Hendrickx, Mme Sandy Watry

 

 

Galerie photo