Logo

Erasmus+

Vum 19. bisden 23. Abrëll hu Schüler vum Fieldgen un engem Erasmus+ Austausch zu Meschede an Däitschland deelgeholl.

An eiser Partnerschoul hu mir och eis spuenesch Partner getraff an an internationale Gruppen (Spuenien–Däitschland–Lëtzebuerg) un der Thematik kënschtlech Intelligenz geschafft.

Mir hu VR-Brëller benotzt an och Visitten zu Dortmund gemaach, dorënner verschidde Muséeën, fir d’Thema ze verdéiwen an eis Presentatioune virzebereeden.

Et war e ganz flotten a beräicherenden Austausch mat vill internationalem Zesummeschaffen, a mir soen eiser Partnerschoul an Däitschland e grousse Merci fir d’Organisatioun vun dësem Treffen.

 

#erasmus+ #berufskollegemeschede #anefore

Galerie photo