Wärend 3 Joer hu 24 Schülerinnen a Schüler beim "Fieldgen goes Solar" Deel geholl. Si hunn et méiglech gemaach, dass 300 Leit Stroum an hiren Hütten an engem klengen Duerf op de Philippinnen kruten an deem si Solarpannoenopgeriicht hunn.
Um Ofschloss-Owend hunn d'Schüler iwwer dëst onvergiesslecht Erliefnis, verbonne mat villen Emotiounen, gezielt.
Fir jidderee vun hinne war et eng Erfarung, déi si soubal net wäerte vergiessen.