Logo

Délégué de classe

Délégués de classe vertrieden d'Klass. Si vermëttelen tëschent Schüler a Professer, tëschent Schüler an Directioun an iwwerhuelen verschidde Chargen :

  • Informatioune weiderginn
  • Lëschten ausfëllen
  • rosa Ziedelen ophiewen
  • etc

Si sinn do fir d'Solidaritéit an der Klass ze stäerken an d'Professeren op d'Problemer vu Schüler opmierksam ze maachen.

Délégués de classe si NET responsabel fir d'Disziplin an der Klass.

Den idealen Délégué :

  • ass frëndlech
  • ass héiflech
  • ass diplomatesch
  • setzt sech fir déi aner an
  • huet Sënn fir Responsabilitéit
  • huet Energie

Déi nei Délégués de classe kréien eng besonnesch Formatioun, offréiert am Groupe DelCo (délégués de classe + comité des élèves). Dës Formatioun fënnt während 2 Nomëtteger am Oktober statt. Jiddereen, dee matmécht, kritt ee Zertifikat.