Verschiddenes

Wat muss een den 1. Dag mat an d’Schoul bréngen ?

Den éischten Dag geet et duer, wann d’Schüler e Block an eng Schachtel matbréngen, Bicher an Hefter brauchen si hei nach net. Dann wier et gutt, wann si op d’mannst 20 € géing boer matbréngen : 5 € fir d’Fotokopien, 5 € Kautioun fir hire Case-Schlëssel an op d’mannst 10 € fir op hir Schülerkaart ze setzen fir kennen vum 2. Dag un an d’Kantin iessen ze goen.

Si mussen och onbedéngt de Code an dPasswuert vun hierem IAM-Kont kennen.

Wat iessen d7-Schüler den 1. Schouldag ?

Den 1. Schouldag ginn déi zwee Regenten mat hirer Klass an d’Kantin fir hinnen ze weisen, wéi d’Kantin fonctionéiert. D’Iessen gëtt deen Dag vun der Schoul offréiert.

Kann ee Fotokopien an der Schoul maachen ?

Jo, et ginn extra Fotokopiesmaschinne fir d’Schüler. Si fonctionéiere mat der Schülerkaart.

Ass de Garer Quartier geféierlech ?

Och wann de Garer Quartier eng gewësse Renommée huet, dann ass dat fir d’Schüler vum Fieldgen kee Problem. Si komme moies all zesumme vun der Gare a gi mëttes och nees zesummen zréck. Den Nightlife spillt sech – wéi den Numm et schonns seet – jo nuets of.

Wat muss ee maachen, wann e krank ass ?

Wann e Schüler krank ass, soll en doheem bleiwen an net krank an d’Schoul kommen. Dat ass fir hien/hatt a fir seng Matschüler dat Bescht. D’Eltere sollen hiert Kand am beschte moies an der Porte (499431-1) oder am Sekretariat (499431-568) ofmellen.

Si mussen awer - am beschten den Dag, wou hiert Kand rëm an d’Schoul kennt - em Regent eng schrëftlech Excuse ofginn resp. e certificat médical, wann d’Krankheet méi laang wéi 3 Deeg dauert.

Hu dir vill Jongen ?

Wéi de Fieldgen 2018 seng Diere fir Jongen opgemaach huet, konnte mer direkt dat 1. Joer 140 Jongen aschreiwen : ca. 70 op 7e a weider 70 verspreet a verschiddene Klassen am cycle supérieur. Haut hu mer 326 Jongen an der Schoul.

Wéi streng ass de Fieldgen ?

De Fieldgen huet, wéi am Sport, Reegelen ënnert em Numm „Respect & Fairplay“. A wéi am Sport klappt dZesummeliewen am beschten, wann een sech un d’Reegelen hält, soss gëtt et och bäi eis heiansdo eng giel oder ganz seelen och eng rout Kaart.

Wéi kennen d’Eltere Kontakt mat de Professeren oder Regenten ophuelen ?

All Enseignant huet eng offiziell e-mails-Adress vum Fieldgen: Virnumm.Nonumm@epf.lu. Do kann een zu all Zäit Kontakt ophuelen. D’Lescht mat den Email-Adressen fann dir an eisem Dossier d’information.

Et kann een awer och am Sekretariat uruffen an eng Noriicht fir de Proff hannerloossen.