Schoulesch Organisatioun

Wéi ass d’Schouljoer organiséiert ?

DSchouljoer um Fieldgen ass opgrond vu laange pedagogeschen Iwwerleeungen an Semester organiséiert.

Dofir hunn eis Schüler Fuesent zwou Woche Vakanz, Chrëschtdag an Ouschtere kommen si dofir bis Donneschdes virum offizielle Vakanzenufank.

Wéi verleeft d’Rentrée fir d’7e-Schüler am September ?

D7e-Schüler kommen een Dag virun all deenen aneren. Sou hu si dMéiglechkeet, dSchoul a Rou kennenzeléieren.

Si gi moies em 9 Auer vun hiren 2 Regenten empfaang, wärend dElteren am Festsall vun der Directrice, der Mme Urbain, begréisst ginn. Déi éischt zwee Deeg verbréngen d7e-Schüler mat hiren zwee Regenten a mat méi grousse Schüler, déi hinnen de Garer Quartier, dSchoul an och de Fonctionnement vun der Kantin weisen.

Maacht dir déi offiziell Programmer ?

Mir maachen iwwerall déi offiziell Programmer, déi de MEN virschreift. Mir halen eis un dSchoulgesetz an eis Schüler maachen och déi offiziell Ofschlossexamen.

De Fieldgen huet allerdéngs eng pedagogesch Fräiheet vun 10%, déi mir fir eng Rëtsch Projeten notzen (Englesch op 7e, Allet, Babel asw.).

Ginn dPremièresexamen um Fieldgen ofgehal ?

Zanter 2017 gëtt de Premièresexamen um Fieldgen ofgehal, d’Examen an d’Orale gi säitdeem och vun eise Proffe verbessert.

Wéi kann een seng Schoulbicher bestellen?

Mam IAM-Code vum Schüler kann een sech op www.mybooks.lu aloggen. De Programm erkennt um IAM-Code, a wat fir enger Schoul an a wat fir enger Klass de Schüler ass a mécht dann eng Lëscht mat deene Bicher, mat deene mir um Fieldgen schaffen.

Fir déi genau Prozedur kuckt op: www.mybooks.lu.