Schülerkaart
Wéini kréien d’7e-Schüler hier Schülerkaart ?
All nei Schüler kréien den éischte Schouldag hier Schülerkaart.
Dofir soll een eng Passfoto bei senger Aschreiwung ofginn.
Firwat ass d’Schülerkaart gutt ?
Mat der Schülerkaart kann ee säi Klassesall opspären, Fotokopië op de Schülerkopiesmaschinnen maachen an säin Iesse an der Kantin reservéieren an ofhuelen.
Wéi kann ee Suen op seng Schülerkaart lueden ?
Entweder luedt een seng Kaart mat bore Sue bäi der Portière oder an der Cafeteria oder et setzt ee mat online-Banking Suen op d’Kaart.
Wat mëscht een, wann een seng Kaart verléiert ?
Wann een seng Schülerkaart verléiert, muss een sech an der Porte mellen a kann do eng nei Kaart bestellen. Déi nei Kaart kascht 10 €.