03102018

EcoBox // Nei um Fieldgen

EcoBox - de lëtzebuerger Pfand-System fir d'Mathuelen vun Iessen
Projet am Kader vun School Futures - de Fieldgen, eng nohalteg Schoul

Vum 8. Oktober un lancéiere mir, als 1. Schoul hei am Land, de Projet EcoBox : de menu à emporter gëtt an der EcoBox servéiert.

An enger éischter Phase schaffe mer mat 40 EcoBoxen. Déi Schüler, déi lo schons wëlle matmaachen, kënnen vun e Méinden un, een Ticket bei der Mme Wagner an der Porte kafen. Präis vum Ticket : 5 €.

Wann dir äre menu à emporter an d'Cantine siche gitt, muss der den Ticket ofginn a dann kritt dir äre Menü an der EcoBox servéiert.

Nom Iessen maacht der d'EcoBox um Stand vum Schülercomité an der Cantine eidel a gitt se dem Schülercomité of. Dee Moment, wou dir se ofgitt, kritt der ee neien Ticket.

Dem Schülercomité säi Stand ass virun der Bühn an der Cantine.

Dir kënnt d'EcoBox ofginn :

  • an der 1. Mëttegpaus 12h15 - 12h25
  • an der 2. Mëttegpaus 13h10 - 13h20

Mir hunn och 20 Bestécker, déi mer bei der Mme Wagner an der Porte verkafen an déi der da kënnt halen. Präis vun engem Bestéck : 10 €.

Dir sollt wëssen, dass mer lo eng Testphase ufänken. Soubal mer gesinn, dass de Projet gutt fonctionnéiert, erweidere mer selbstverständlech eise Stock un EcoBoxen a Bestécker. D'Zil vum Projet ass et, dass ALL menu à emporter an der EcoBox servéiert ka ginn.