Fieldgen, eng kathoulesch Schoul
Gëtt et Reliounsunterrecht um Fieldgen ?
Um Fieldgen gëtt et e Cours, deen sech aus dem VIESO-Cours op de Staatsschoulen an engem Reliounscours zesummesetzt: VIESOR.
Hei geet et drëms, fir all Relioune kennenzeléieren, besonnesch d’Chrëschtentum, iwwert sech selwer nozedenken an den anere respektéieren ze léieren.
Gëtt all Dag gebiet ?
Moies em 8 Auer schwätzt d’Direktioun iwwert de Mikro fir wichteg Noriichte vum Dag matzedeelen. Duerno kennt de Gedanke vum Dag vun engem Professer oder och vu Schüler: dat kann e Gebiet sinn, e Gedanken iwwer d’Aktualitéit, eng Erënnerong un e wichtege Mënsch oder Evenement oder soss eng Reflexioun.
Et gëtt net méi all Dag zesumme gebiet.
Geet een all Woch an d’Mass ?
Neen, d’Schüler vum Fieldgen gi net all Woch an d’Mass. Mir feieren zesumme ca. 3 Massen am Joer, dovun eis Oktavmass an der Kathedral, wat fir eis all e ganz schéine Moment ass.
Ginn et nach Schwësteren an der Schoul ?
Nee, et gi keng Schwëstere méi an der Schoul oder am Internat. D’Schwëster Danièle Faltz, Directrice vum Fieldgen bis 2013, ass Presidentin vum Conseil d’Administration vun der AGEDOC asbl, déi eis Schoul verwalt.