Fieldgen@Home

Hei hu dir, Schüler a Professeren, d'Méiglechkeet iech matzedeelen, wéi dir dës Wochen vun Homeschooling a Quarantaine erlieft an empfannt.

Dir kennt dat maachen a Form vun engem Text (Gedicht, Tagebucheintrag, Blogeintrag, ... - d'Sprooch kenn der selwer wielen), enger Foto, engem Lidd, engem klenge Filmchen, engem gemoolte Bild, etc.

Schéckt eis är Saachen eran op secretariat@epf.lu a mir publizéieren se op Facebook.

Merci all deenen, déi matmaachen.

Haalt iech monter a bleift gesond.