Aschreiwung

Wéi kann een sech um Fieldgen aschreiwen ?

Dir kënnt de Formulaire fir eng Pré-Inscriptioun eroflueden, en ausfëllen an eis mat der Post oder via Mail schécken, souguer wann der op 7e d'décision d'orientation nach net hutt. Dir gitt da vum Sekretariat iwwer de weidere Verlaf vun der Aschreiwung informéiert.

Wat kritt ee geschéckt, wann ee bis ugemellt ass ?

Nom Aschreiwungsgespréich schécke mer iech eng confirmation d’inscription an eventuell Formulairen, déi mussen ausgefëllt ginn.

Ugangs September kritt der eisen Dossier d’Information, mat ënner anerem den Detailer fir de Schoulufank, mat der Post geschéckt.